Den Här Jean-Marie Kieffer

logo

Den Här Jean-Marie Kieffer ass zanter 1988 Professer fir Musek a Relioun am Iechternacher Kolléisch. Virdrun huet hien zu Köln op der Musikhochschule 'Schulmusik', Tounsaz a Gesank studéiert an op den Uniën Köln a Bonn Theologie.

En ass zanter 1986 organiste titulaire vun der Iechternacher Basilika an huet bis 2004 bal 20 Joer laang d'Uergelklass an der Iechternacher Musekschoul geleed.

Donieft ass hie gefrot als Sänger, Organist, Arrangeur a Komponist:

  • als Solist an als Member vun international renomméierten Vokalensembelen huet hien a villen europäesche Stied an zu New York gesongen. Donieft huet hien eng etlech Opnamen fir verschidde Radio- a Fernsehstatiounen an och CD-Produktioune gemat.
  • als Arrangeur a Komponist huet en am Laf vun der Zäit fir verschidde Verlager geschafft, an awer och fir divers Ensembelen.

Wichtegst Arbechten:

  • OraLabora (Text: J-C. Degrell, 1998) a Pandora (Text: D. Hoffelt, 2004) fir Solisten, de grousse Chouer vun der Communautéit vum Iechternacher Kolléisch an d'LCE-Big Band&Friends
  • Ballo Farfallo (Text: G. Rewenig, 2002) fir den Ensemble vocal vu Berdorf, Schoulkannerchouer an Orchester
  • Eechternoach (Text: J-C. Degrell, 1999) fir den Ensemble vocal du Luxembourg mat der Militärmusek.